Geschicht vun der Hesper Museksschoul

Vum „Dennemeyesch“-Haff zur Museksschoul Hesper

Eis Museksschoul war fréier e Bauerenhaff, deem seng Grondmauere bis an d’18. Joerhonnert zeréckreechen. An iwwer 200 Joer Geschicht huet den deemolegen Haff „Dennemeyesch“ vill erlieft. Haut fëllen d’Kläng vu Klarinett, Gei, Perkussioun a villen aneren Instrumenter déi historesch Raimlechkeeten.

An de vergaangene Jore gouf d’Gebai ëmfangräich renovéiert. Vill Bauelementer konnten – mat besonnescher Berécksiichtegung vum Denkmalschutz – bäibehale ginn a mat enger moderner Nott ergänzt ginn. Traditioun a Modernitéit treffen openeen a verbreeden e ganz besonnesche Charme.

Dir géift gär méi iwwert eist Gebai gewuer ginn? Kuckt Iech „Die Geschichte alter Häuser in Fentingen: der Hof „Dennemeyesch“ vum Roland Schumacher un.

Musikschule-Hesperingen-alt-website Musikschule-Hesperingen-neu-website