Musekscoursen

Ob musikalesch Fréierzéiung, Musekstheorie, instrumentalen Unterrecht, Kammermusek oder Sträichorchester – eis Ekipp vun Enseignantë verbënnt d’Léift zur Musek. Mir freeën eis drop, dës Leidenschaft mat Iech an Äre Kanner ze deelen!

 

Gemeinsam musizéieren, ob an enger Kammermuseksgrupp oder an engem groussen Ensembel, ass déi schéinsten Erfarung fir e Museker. Zesumme mat Gläichgesënnten ze léieren, ass mat vill Spaass verbonnen. An enger entspaanter Atmosphär léieren d’Schüler mateneen a motivéiere sech géigesäiteg beim Spille vun hiren Instrumenter. Am Laf vum Schouljoer wuessen d’Schüler als Grupp zesummen a léieren all Woch an hire Coursen e Repertoire vu Museksstécker, déi se scho geschwënn hirem Publikum präsentéieren.

Eis Musekscoursen

Musekstheorie

Fréierzéiung

Blechbléiser

Holzbléiser

Sträichinstrumenter

Piano an Uergel

Gittar a Bass

Perkussion

Gesang

Ensembel

Musekstheorie

Fir all Instrumentecours musst Dir op d’mannst ee Joer Musekstheorie oder zwee Joer musikalesch Fréierzéiung gemaach hunn oder op Recommandatioun vum Enseignant eng Opnamprüfung maachen.

Musikalesch Fréierzéiung

An der Musikalescher Fréierzéiung gëtt d’Kand op spilleresch Aart a Weis un d’Musek erugeféiert. An enger vertrauter a geselleger Atmosphär, mat anere Kanner zesummen, erlieft d’Kand unhand vun enger bildhafter Sprooch, wéi et ganz an d’Welt vun der Musek andauche kann.

Beweegung, Musek a Sprooch sinn d’Elementer, déi an der Fréierzéiung enk matenee verknëppt sinn an a stänneger Wiesselwierkung agéieren. Villfälteg Aufgabe ginn dem Kand d’Méiglechkeet, sech kierperlech a geeschteg duerch d’Musek ze entfalen. Hei spille Sozialisatioun, Expressivitéit, Reaktivitéit, Fantasie an Improvisatioun eng essentiell Roll a bilden d’Fundament fir dat weidert Léiere vu Musek.

Sangen a Verschaffe vu Lidder, Stëmmbildung, Gehéierbildung, Danz a Beweegungsspiller, d’Léiere vum Takt a vu rhythmeschen Notioune wéi och dat elementaart Spille vu Schlaginstrumenter sinn, pedagogesch betruecht, souwuel Inhalter wéi och d’Zil. Déi fréi Acquisitioun vun dëse Fäegkeeten ass e Schlësselelement fir d’Kand. Se bréngt him e selbstverständlechen an natierlechen Zougang zu enger spéiderer Musekserzéiung an dem Léiere vun engem Instrument.

Blechbléiser

Trompett, Cor, Posaun oder Tuba – an eise Musekscoursë léiert Dir d’Blechinstrument vun Ärer Wiel, vun den éischten Téin bis zu wonnerbare Museksstécker.

Holzbléiser

Hautbois, Flütt, Klarinett, Fagott oder Saxophon – Holzbléiser gehéieren an all Ensembel. Wat fir en Holzblosinstrument wëllt Dir léieren?

Sträichinstrumenter

Gei, Braatsch, Cello, Kontrabass – bei eis léiert Dir och d’Konscht vum Sträichen. Vum éischte Boustréch bis zu der schéinster Melodie.

Tasteninstrumenter

Piano an Uergel – zwee wonnerbar Tasteninstrumenter, déi an eisem Programm net feelen dierfen.

Säiteninstrumenter

Elektresch Gittar a Bass, oder hätt Dir et léiwer klassesch? Besicht eis Coursë fir Säiteninstrumenter

Schlaginstrumenter

An eisem Repertoire vun Instrumenter däerfe se net feelen: d’Schlaginstrumenter. Ob klassesch Batterie oder Perkussioun, bei eis däerft Dir an den entspriechende Coursë roueg mol dropschloen.

Gesang

Sangen ass eppes Wonnerbares. Fir Emotiounen auszedrécken, gëtt et kaum eppes Besseres wéi de Gesang. Léiert Är Stëmm musikalesch anzesetzen.

Ensembel / Kammermusek

Gemeinsam musizéieren am Ensembel. Hei kommen d’Instrumenter vun de verschiddene Coursen zesummen a verbanne sech zu engem eenzegaartege Musekserliefnis.

De Moment bidde mir Ensembele fir: Hautbois, Saxophon, Blechbléiser, Sträicher a Perkussioun un.
Fir weider Informatioune kontaktéiert eis!

Weider Informatiounen iwwert d’Musekscoursen an de lëtzebuergesche Gemengen