Museksschoul Hesper – wou Musek Mënsche verbënnt

Musek verbënnt Mënschen, egal aus wat fir engem Land se kommen oder wat fir eng Sprooch se schwätzen. Musek ka jidderee lauschteren, ëmmer an iwwerall. Musek besteet net nëmmen aus Text, mä och aus Rhythmus, Fantasie an Emotiounen. Alles dat mécht d’Musek aus, déi d’Mënsche matenee verbënnt.

Musek präägt eist Liewen a begleet eis op eng ganz villfälteg Aart a Weis duerch den Alldag. D’Museksschoul Hesper bitt alle Kanner, Jugendlechen an Erwuessenen d’Méiglechkeet, hir Freed un der Musek auszeliewen, en Instrument spillen ze léieren oder hir Gesangsstëmm ze entdecken.

“Die Musik ist die Sprache der Leidenschaft”

Richard Wagner

Eis Museksproffen

Eis Geschicht

Direktioun a Sekretariat

Eis Partner

Musizéiere stäerkt Eegenschafte wéi Kreativitéit, Selbstbewosstsinn an Eegeverantwortung an och Teamfäegkeet. Den Erfolleg, deen eis Schüler hunn, schwätzt fir sech. Dir kënnt Iech drop verloossen: Och an Zukunft bidde mir Iech an der Museksschoul Hesper eng héichqualitativ, breetgefächert Offer mat ausgezeechent ausgebilte Léierkräften un.

Är Ekipp vun der Museksschoul Hesper,
Romain Junker, Kulturbeoptraagte fir de Beräich Museksschoul,
a Buergermeeschter Marc Lies