FAQ – Dir hutt Froen?
Kann ech bei der Umeldung fir fréier Schüler eng nei Umeldung fir en anere Familljemember maachen?
Jo, ganz gär! Dir musst keng zwee Rendez-vousen ofmaachen a kënnt all Umeldung an enger Kéier maachen.
Kann ech bei der Umeldung fir Ex-Schüler eng nei Umeldung fir en anere Familljemember maachen?
Ma gären. Den 3., 4. a 5. Juni ass d’Aschreiwung fir Ex-Schüler. Déi Deeg kënnt Dir Iech fir d’Coursen, déi Dir dëst Joer huelt, nees aschreiwen (Beispill: Dir maacht dëst Joer FM2 an Dir mellt Iech fir FM3 un). Dir kënnt Iech awer och als neie Schüler fir en neie Cours umellen (Beispill: Dir léiert dëst Joer Trompett a wëllt d’nächst Joer Perkussioun léieren).
Firwat ass et schwiereg, an der Pianos- oder Geieklass unzefänken?
D’Gemeng Hesper ass sech der Bedeitung vun enger räichhalteger kultureller Offer an eiser Uertschaft bewosst an investéiert all Joer eng grouss Zomm an d’Museksschoul. D’Zomm klëmmt all Joer ëm ongeféier 15 %. Mä och d’Nofro u Musekscoursë klëmmt. D’Plazen an der Museksschoul si fir all Cours begrenzt. Eis Aufgab ass et, d’Schüler gläichméisseg op déi verschidde Coursen ze verdeelen. Pro Instrument gëtt et de Moment ongeféier 40 Schüler. Do kommen nach déi nei Schüler dobäi.
D’Pianosklass an d’Geieklass sinn déi beléiftst, duerfir ass et e bësse méi schwiereg, hei eng Plaz ze kréien. Sollt Dir iech net an der Hesper Museksschoul aschreiwe kënnen, steet engem Versuch an enger anerer Museksschoul oder engem Privatcours awer näischt am Wee.
Kann ech mäi Formulaire per E-Mail oder per Post schécken?
Leider net. Et gouf ëmmer nees Problemer mat online Umeldungen. Donnéeën hu gefeelt, de Formulaire war net richteg ausgefëllt, wichteg Froe sinn op béide Säiten ongekläert bliwwen. Aus dësem Gronn hu mir eis fir eng Umeldung op der Plaz entscheet, bei där mir och all Fro zu de Coursë klären a fir Iech de passende Cours fanne kënnen.
Kann eng aner Persoun de Formulaire fir d’Inscriptioun fir mech matbréngen?
Jo, wann déi Persoun d’Froen all beäntwere kann (kuckt Iech heizou wgl. de virege Punkt an de FAQ un). Denkt drun, datt d’Kand an déi Erzéiungsberechtegt de Formulaire ausfëlle mussen.
Mäi Kand gëtt den 18. September 5 Joer al. Kann ech et fir de „Musical Awakening“-Cours umellen?
Dat geet leider net. De Stéchdag fir den Alter vun de Schüler ass den 1. September Et muss ee bis zum 1. September scho 5 Joer al sinn, fir sech an den EM2 umellen ze kënnen Leider bidde mir keen Unterrecht fir déi méi jonk Kanner un.